Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg: 2018 gouf et eng Hausse vu 7% um Wunnengsmaart | #Luxembourg #Realestate #Loyer #Immobiler #Europe  | Luxembourg (Europe) | Scoop.it

D'Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg klamme weider. Zejoert gouf et eng Hausse vu 7%, et ass domadder déi stäerksten Hausse zanter 10 Joer. Besonnesch d'Loyere fir Appartementer hu ferm ugezunn: +9,2% bannent engem Joer. Appartementer fir ze kafe sinn an der Moyenne 3,3% méi deier ginn, d'Haiser 3,4%. Bei der Locatioun vun den Haiser ass et „just“ eng Hausse vun 1,6%.

An der Stad läit den duerchschnëttleche Metercarré-Präis fir en Appartement ze kafe bei 8'856 Euro. Iwwer Land sinn et knapp 6'000 Euro de Metercarré.

 

Learn more / En savoir plus / Mehr erfahren:

 

http://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?tag=Real+Estate

 

http://www.scoop.it/t/luxembourg-europe/?tag=loyer